The Untamed (TV)
Verleiften Idioten
by lilieae
De Wei Ying muss eng Gruppenaarbecht mam Lan Zhan maachen a fënnt eraus, dass hie vill manner gemeckert kritt, wann hien d'Hausaufgabe (pünkltech) mécht. Also decidéiert hie vun elo u méi Zäit mam Lan Zhan ze verbréngen. Ënnerlech spréngt de Wei Wuxian op an of. Hien huet et wierklech färdeg bruecht, dass de Lan Wangji amplaz vu sengem éiwege stoesche Gesiicht e Grinsen opgesat huet. Also kee grousst Grinsen, et ass ëmmer nach de Lan Wangji. Virun engem Mount hätt de Wei Wuxian och net erkannt, dass de Lan Wangji seng Gesiichtzich geännert hätt. Mee mëttlerweil kennt en e gutt genuch, fir kloer ze erkennen, dass dem Lan Wangji seng Mondwénkel minimal no uewe kucken. An dat wéinst eppes, dat de Wei Wuxian gesot huet!